Blue Note
Zéng Albume fir eng Jazz-Sammlung unzefänken
60 min
De Pit Dahm an de Pol Belardi ginn e puer Ustéiss fir all déi Leit, déi den Jazz fir sech wëllen entdecken a gläichzäiteg eng Kollektioun vun deene wichtegsten Albumen wëllen hunn. Op Vinyl, CD oder digital als Playlist, eng Selektioun fir all Situatioun prett ze hunn ass keng einfach Aufgab, bei där grousser Mass un Opnamen, déi zanter 1917 gemaach goufen.
Fir am Dschungel vun der Jazz-Geschicht den Duerchbléck ze behale presentéieren déi zwee Jazz-Heads vum 100,7 hir perséinlech Auswiel vun zéng Albumen, déi a kenger Playlist oder a kengem Regal dierfe feelen a ginn allkéiers e bësse Background-Info an déi néideg Anekdot.