No enger fir jiddweree méi schwiereger Corona-Lockdown-Phas ass de Like a Jazz Machine dëst Joer a senger zéngter Editioun vum 12. bis de 15. Mee net nëmme fräi vu Masken, mee och nach emol fräi vu Langweil. Op véier Deeg verdeelt fanne mer nees e breetgefächerte Programm, wou all Jazz-Lover a Museksbegeeschterten eppes ka fannen. De Kenny Garrett als ee vun den Highlighten ass och an der Emissioun gefeatured.
De Benoit Martiny schwätzt iwwer ee bis ewell exklusive Concert de 7. Mee am Syrkus, wou hie seng gewinnte feireg Band virstellt.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.