Blue Note
Childhood Memories / Americana / Thomas Dutronc
0 min
- De Pol Belardi a seng Kolleege proposéieren e Concert e Sonndeg 19. Abrëll mueres um 11 Auer, iwwer Internet. De Pol erkläert am Interview, wat de Gaming Soundtrack domat ze dinn huet.
- Den Thomas Dutronc huet d'Release vu sengem neien Album "Frenchy" vu Mëtt Mäerz op de 5. Juni 2020 verréckelt. Franséisch Chanson gouf vum Kënschtler revisitéiert a verjazzt an dat mat prominente Gäscht aus dem Jazzberäich.
- "Americana" heescht deen neien Opus vum Grégoire Maret. Release ass de 24. Abrëll 2020 beim Label ACT. Mat am Boot de Gittarist Bill Frisell, de Pianist Romain Collin an de Batteur Clarence Penn.