Blue Note
E Gittareconcerto fir den Dave Brubeck
0 min
D'Gittaristin Sharon Isbin gehéiert zu deene grousse Pointuren op hirem Instrument. Si scheit net nieft der Klassik sech och am Jazz oder an der Weltmusek ze produzéieren. Gläich zwee Albume bréngt d'Shorn Isbin eraus. Am éischten, mam Titel "Affinity", sinn eng ganz Partie Weltpremièren derbäi. Ënner anerem dem Chris Brubeck säi Gittareconcerto, deen am Kader vum 100. Anniversaire vum Komponist sengem Papp, der Jazzlegend Dave Brubeck, entstanen ass. Am zweeten Album, "String for Peaces", taucht d'Sharon Isbin mat dräi anere Museker an déi klassesch indesch Musek eran. De Manuel Ribeiro huet mat der Sharon Isbin iwwer Telefon e laangt an interessant Gespréich iwwer hir Karriär a hir Diske geféiert.
Mer lauschteren och an den Debutalbum vu Jacob Manz Project "Natural Energy", beim Label ACT, eran.