Blue Note
Kurt Elling / Hazel Scott / Andreas Dopp
0 min
- De Kurt Elling huet bei Edition Records en neien Disk erausbruecht: "Secrets Are the Best Stories". De Kurt Elling ass en engagéierten Jazzsänger aus den USA.
- D'Jazzpianistin Hazel Scott war eng vun deenen éischten afro-amerikaneschen Jazzpianisten, déi et bis an eng Tëleesshow gepackt haten. Trotz hirem Talent an hirem Kultstatus huet si ënner Rassismus gelidden. D'Hazel Scott gouf den 11. Juni 1920, genee virun 100 Joer, gebuer.
- Den Andreas Dopp ass en däitsche Gittarist, dee sech vun Naturlandschaften a Rou inspiréiere gelooss huet fir seng nei Opnameproduktioun. Den Disk heescht "Sunset in Stereo". Dir héiert de Museker am Interview mam Manuel Ribeiro.