arrow_back_ios
Blue Note
Jazz am Summer 2020
headphones
0 min
Vill Festivalle goufe bei eis an an den Nopeschlänner verbueden. Allerdéngs ginn et awer eng Rei Concerten a reduzéiert Festivalle mat Jazz iwwer déi nächst Wochen. Am Neimënster zum Beispill sinn am Summer Apéro-Jazz-Concerte geplangt. Och am Ausland gi gewëssen Jazzeventer bäibehalen.
D'Sängerin Emilia Vancini an de Pianist Augusto Pirodda hunn en neien Disk erausbruecht: And if you fall, you fall.
Zwee Gebuertsdeeg ginn haut gefeiert: d'Pianisten René Urtreger an Nat Pierce.
Musek