Blue Note
Benoit Martiny am Interview
0 min
De Benoit Martiny ass Batteur mat Leif a Séil. Obwuel säi gréissten Idol den John Bonham ass, huet en e wäitaus méi breede Spektrum u musikaleschen Aventuren hannert a virun sech. Seng eege "Benoit Martiny Band" fënnt sech dann iergendwou tëscht Led Zeppelin Riffs, Frank Zappa an Art Blakey erëm. Wann en nieft dem Trommelen an diverse bekannte Projet'e wéi De Läb nach Zäit huet, verréckten Iddien auszeliewen, da kënnt esou eppes eraus wéi "Tha Grand Cosmic Journey". Eng elektresch-eklektesch Space-Big-Band, déi elo den neitste Live-Album "Moons of Uranus" um Start huet. De Benoit zielt eis méi doriwwer. Weider Musek gëtt et vum Brad Mehldau an dem Christian McBride. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi