Blue Note
Joël Metz, Ben Wendel
0 min
De Joël Metz ass Deel vun der neier Generatioun Lëtzebuerger Museker, déi frësch vun der Musekshéichschoul erëm sinn a bereet sinn, d'Jazz-Zeen am ganze Land an Ëmgéigend onsécher ze maachen. Hie war zu Amsterdam fir säi Studium an huet do en éischten eegene Projet, Lysander, op d'Bee gestallt. Mëttlerweil pendelt hien tëschent Rotterdam, wou hie säi Master mécht, a senger Heemecht hin an hier. Viru Kuerzem a Residenz am Artikuss zu Zolwer, schafft hie grad un engem éischten Album, vun deem Repertoire wäerte mer och e puer Extraiten héieren. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.