Blue Note
Shuffle / Jackets XL Release
60 min
De fréiere Luxembourg Jazz Meeting, vu MusicLX organiséiert, heescht elo Shuffle an ass bis op Weideres Enn November am Neimënster programméiert. Allerdéngs ass momentan wéinst de Sécherheetsmesurë kee Publikum zougelooss.
Herr Bender feat. Edsun spillt den 1. Dezember am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng. De Maxime Bender verréit eis méi iwwer dëse Projet.
Den US-amerikanesche Quartett Yellowjackets huet mat der WDR Big Band en neien Disk mam Titel "Jackets XL" erausbruecht. De Saxophonist an Dirigent vun der Big Band, Bob Mintzer, huet op eis Froe geäntwert.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.