Blue Note
Keith Jarrett & Pierre Cocq-Amann
0 min
De Pierre Cocq-Amann ass net nëmmen ee Mann mat villen Talenter, deen nieft sengem Haapt-Instrument Saxofon am Jezza World-Genre allméiglech Experimenter wot, mee och nach eng Zort positive Workaholic. Sief et a sengem Job als Chargé am Conservatoire an der Stad, an engem vun zuelräiche Projet'en als Sideman, oder a sengen eegene Bands gëtt hie musikalesch alles wat geet! Ausserdeem animéiert hien eng Rei vun Concerten a Sessions am Café "Bei der Gare", engem vun deenen eenzege verbleiwende Rendezvousen am Grand-Duché wou nach reegelméisseg gejamt gëtt. Hie steet am Interview Ried an Äntwert, a verstoppt net dass och hie Fan ass vum Keith Jarrett, enger Legend vum Jazz-Piano, déi leider den Ament forcéiert an der musikalescher Präpensioun ass. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi