Blue Note
Shauli Einav
60 min
Och zu Lëtzebuerg tauchen ëmmer nees nei Museker an der Jazz-Landschaft op. Sief et den Nowuess, dee mat vill Efforten a Passioun hire Virbiller noäifert, oder awer duerch musikalesch Migratioun. Dëst trëfft an dësem Fall zou. De verséierte Saxophonist Shauli Einav, gebierteg am ländlechen Israel, huet no éischte Schrëtt a Bands zu Tel Aviv a Jerusalem de Wee an den Jazz-Mekka New York fonnt, do mat ville groussaartege Museker gespillt, éier et hien op Paräis verschloen huet. Beruff a Famill hunn hien awer rezent an de Grand-Duché bruecht, wou hien elo am gaangen ass Fouss ze faassen an nei Projeten ze grënnen. Wéi him dat geléngt, zielt hien dem Pit Dahm a Pol Belardi am Interview.