Blue Note
Fujazzi+2 / Pol Belardi's Force
0 min
Fujazzi ass eigentlech eng Jazzband mat Sängerin a fënnef Museker. Fir de Concert, de 4. Oktober 2020, am Neimënster hat d'Band sech mat zwee weidere Museker verstäerkt a sech Fujazzi+2 genannt. De Constant Kiffer an den Tom Reiff waren am Studio fir iwwer hir Band ze schwätzen an hunn eis de Matschnëtt vum Concert matbruecht (Diffusioun um 21:00).
Pol Belardi's Force & Strings feat. - In Praise of Folly String Quartet spillen den 21. Februar 2021 e Concert am Neimënster. De Pol Belardi verréit, wat op deem Concert besonnesch wäert sinn.