Blue Note
Pannonica
0 min
Bei dëser grousser Damm sinn d'Jazzmuseker an an aus gaangen ... si huet net nëmmen eng Rëtsch vun deene bekanntsten Jazzmuseker wéi den Charlie Parker, Thelonious Monk oder Horace Silver tatkräfteg ënnerstëtzt (mat finanzielle Sprëtze fir Loyeren oder souguer Visitten am Spidol, falls et engem manner gutt gaangen ass), mee an hirer Hotel-Suite gouf et och um lafende Band Jam Sessions. Si gouf zesumme mam Thelonious Monk mat Marihuana erwëscht an huet d'Responsabilitéit op sech geholl. D'Verméige vun der Famill Rothschild, zu där si gehéiert, gouf also hei zum Virdeel vum Bebop an der Jazzwelt zu där Zäit investéiert. Als Merci krut si vill Kompositiounen dediéiert, an déi mer an dëser Emissioun eralauschteren. Presentéiert vum Pol Belardi