Blue Note
Chick Corea
0 min
Den Ausname-Pianist Chick Corea huet eis den 9. Februrar am Alter vun 79 Joer no laangem Kampf géint de Kriibs verlooss. Hien hannerléisst een exemplarescht Liewenswierk, huet de modernen Jazz-Piano an allméiglech Besetzungen a Genrë mat gepräägt. Sief et Piano-Solo, Vibraphon-Duo, Trio, Quartett, Jazz, Klassik, Fusion, latäin-amerikanesch Aschléi ... a senger 60-järeger Karriär ass enorm vill geschitt! Ausserdeem war hien e Pionéier vum Fender Rhodes an huet mat senger Band Return to Forever de Fusion mat definéiert. De Pit Dahm a Pol Belardi kucken op e puer Milestones zeréck a proposéieren eng ganz faarweg Selektioun vu Musek.