Blue Note
Wynton Marsalis
0 min
Als ee Museker, deen Jazz lieft, otemt a sech en zur Liewensphilosophie gemaach huet, ass de Wynton Marsalis Galiounsfigur vun engem Revival vun Elementer vun traditionellem Jazz, awer gläichzäiteg ee Visionär.
Säin Trompettespill ass onverkennbar, hie ka souwuel ee knaschtege Growl dran hunn, wéi och déi onméiglechst Spréng an der Tessitur mat Bravour meeschteren, an hien huet virun allem eent: Swing a Groove. An de spéiden 80er an ufanks 90er Joren bréngt hien dräi Alben eraus, déi virun allem Jazz Standarden op eng markant Aart a Weis an eng nei Form setzen.
Mir lauschteren an déi verschidden Alben eran a léiere verschiddenst Facette vum Wynton Marsalis kennen. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.