Blue Note
Jazz-Uergel
0 min
Ob Wild Bill Davies, Jimmy Smith, Joey De Francesco oder Rhoda Scott: si all hunn d'Hammond-Uergel zu hirem Haaptinstrument gemaach an op dëser en onverwiesselbare Sound geschaaft. Ursprénglech als bëlleg a portabel Imitatioun vun enger Kiirchenuergel produzéiert, fënnt d'Uergel net nëmmen hire Wee an d'Baseballstadien, mee och an d'Jazz-Welt a spéider natierlech och an de Prog-Rock. Déi grouss Meeschtere bréngen et fäerdeg, ganz eleng ze swingen, a Basslinn, Akkorden a Melodië gläichzäiteg ze spillen an dobäi nach vu grousser Virtuositéit ze strotzen. De Pit Dahm a Pol Belardi reesen duerch d'Geschicht a presentéieren e puer vun de wichtegste Vertrieder.