Blue Note
Charley Rose a Joachim Kühn
0 min
De Joachim Kühn ass ee quasi lokale Gigant vum Jazz-Piano, deen ee ganz perséinleche Langage an eng Approche zur Improvisatioun entwéckelt huet, déi tëschent kompletter Fräiheet an absoluttem Plang hir Balance fënnt. Effortless Mastery, fir et mat de Wierder vum Kenny Werner ze soen, op héchstem Level. Mir lauschtere säin neien Album, deen op ACT erauskoum.
De Charley Rose huet och eng nei Plack op Lager, déi e Seeldanz tëschent Komplexitéit an down-to-earth Schéinheet ass. Säi Sound um Alt-Saxofon ass eenzegaarteg.
Als Ofschloss gëtt et dann nach e Song fir d'Fréijoer.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.