Blue Note
Jaco Pastorius
0 min
Den John Francis Anthony Pastorius III. hat e beweegt Liewe mat engem trageschen abrupte Schluss. Mee trotzdeem huet hien d'Spill vun der Bassgittar revolutionéiert. Mat extravaganten Techniken, enger onerhéierter Virtuositéit an engem ganz eegene, scho bal lyresche Phrasé léint hie fir d'éischt als Sideman esou munche Museker säin Talent, éier hie sech selwer op zwee monumentalen Albume verwierklecht.
Mir lauschteren Opnamen aus senge verschiddene Schafensphasen, schwätzen iwwer säi Liewe mat esou munch enger Anekdot a léieren d'Hannergrënn vu senger Musek, awer och senger tragescher Krankheet a sengem fatalen Doud kennen.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi