Blue Note
Spring - Fréijoersgefiller am Jazz
0 min
Wann d'Beem dobaussen nees gréng an d'Leit an d'Bëscher Meekränz maache ginn, da léist dat ee ganz speziellt Gefill aus. Et ass een nees méi verléift, et huet een nom Wanter nees méi Energie, mee och d'Melancholie huet Plaz an dëser ganz spezieller Zäit vum Joer. Jazz-Museker aus allen Epochen huet dëse Feeling dozou verleet, kreativ ze ginn an hir Gefiller an hirer Klangkonscht auszedrécken. Mir héieren Extraiten a Point de Vuen op d'Fréijoer vun Ella Fitzgerald, Bill Evans, Django Reinhardt, Willie "The Lion" Smith, Brad Mehldau a Ben Wendel an hoffen, datt dobäi och fir d'Nolauschterer e puer Fréijoersgefiller opkommen! Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi