Blue Note
De Saxofonist David Ascani
60 min
Den David Ascani as ee vun deene meeschtgefrote Saxofonisten aus Lëtzebuerg. Hie war ee vun deenen Artisten, deen am Kader vun enger Residence zu Diddeleng opderschmelz konnt seng Kreativitéit fräie Laf loossen. Erauskoum eng wonnerbar energetesch a villsäiteg Plack (iwwregens och wierklech eng LP op Vinyl), déi eis mat op eng Rees hëlt duerch deem nach jonken Talent säin Univers. Eng wonnerbar Band, déi d'Grenzen tëschent Lëtzebuerg, Holland an Däitschland fale léisst, Corona hin oder hier! Den David war am Interview beim Pol Belardi a Pit Dahm an huet e bëssi méi iwwer säi Wierk erzielt.