Blue Note
Kaboom
0 min
No enger erfollegräicher éischter Release op Next Generation Jazz leet de Michel Meis mat "Kaboom" nach een drop. Den Album, deen den 28.05 frësch aus dem Uewen op Double Moon Records erauskënnt, featured säi gutt agespilltene Quartett mam Alisa Klein op der Trombone, dem Cédric Hanriot op den Tasten an dem Stephan Goldbach um Kontrabass, mee huet awer och mam Théo Ceccaldi en exquisite Special Guest op der Gei. D'Musék get an hierem Klangspektrum erweidert a gewënnt ausserdem un Dynamik. Wéi de Batteur selwer seet, huet en hei kee Blat méi virun de Mond geholl fir iergendengem ze gefalen a bréngt eng gutt Portioun vu sénge fréieren Influenzen aus méi haarde musikalesche Beräicher eran. Mär entdecken desen Album an de Musiker hannendrun zesumme mam Pit Dahm a Pol Belardi