Blue Note
E Saxophonist, eng Sängerin an e Familljentrio
0 min
De Saxophonist Shauli Einav wunnt zënter e puer Joer zu Lëtzebuerg an huet schon eng Partie Albumen erausbruecht. Deen aktuellen Album heescht "Animi" an ass d'Thema vum Concert, e Sonndeg 13. Juni, am Neimënster.
D'Adrienne Haan huet däitsch-lëtzebuergesch Originnen an ass op der Welt ënnerwee mam Pianist Benjamin Schäfer fir hire Projet "Till the end of time". D'Sängerin, déi als Lady of Cabaret bezeechent gëtt, ass mam Pianist de 16. Juni 2021 an der Philharmonie ze erliewen.
Raymond, Maurice et Mathieu Clement - 3 Générations, dat ass de Motto vun engem Concert mat Photosausstellung iwwermuer Samschdeg (5. Juni 2021) am CAPE Ettelbréck.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.