Blue Note
Jazz Solo Performances
0 min
Ee Pianist huet quasi ee ganzen Orchester ënner sengen zéng Fangeren. Do läit et no, datt een ouni Weideres eleng kann ee ganzen Owend ënnermolen. Mee wéi steet et em déi aner Instrumenter? Besonnesch bei deenen, wou ee just eng Nout ka gläichzäiteg spillen (wéi zum Beispill beim Saxofon) oder vläicht eemol keng Nout, mee just Rhythmus (wéi bei der Batterie), ass dat guer net esou evident. An awer traue sech duerch d'Geschicht ëmmer nees kreativ Geeschter trotzdeem un déi Disziplin erun.
Fir ee ganze Concert ouni Begleedung ze fëllen, ouni datt et monoton gëtt, dofir muss ee sech schonn eng afale loossen: alternativ Techniken, elektronesch Hëllefsmëttel, akzeptéiere vum Silence an der Paus an der Musek, extreem Dynamiken ... alles ass méiglech, mee et muss een et gutt asetzen.
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren eng Selektioun vu Museker, déi hei hire Wee fonnt hunn, vu Sonny Rollins iwwer Dan Weiss bis Peter Evans.