Blue Note
E puer wichteg Live-Evenementer fir de Summer
0 min
Restrospective Quintet an Jambal sinn zwou jonk Lëtzebuerger Jazz-Bands, déi sech am Neimënster fir de Pause zur Aperos-Zäit d'Bün deelen.
D'Marly Marques steet gläich zwee mol op der Bün, an der Philharmonie an um Festival de Wiltz. Och hei lauschtere mer eran.
Duerno steet de Maxime Bender, Direkter vum Trifolion, dem Pol Belardi am Interview Ried an Äntwert a schwätzt iwwer dat neit Format, d'Planung a Pandemie-Zäiten an eng faarweg Programmatioun, bei där fir all Goût eppes ugebuede gëtt.
Ausserdeem dobäi nach déi jonk Sängerin a Songwriterin Gaidaa, eng Decouverte aus Holland mat Wuerzelen am Sudan, déi och am Juli am Neimënster ze héieren ass.
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.