Blue Note
Jazz zu Lëtzebuerg an en Anniversaire
0 min
De Marly Marques 5tet huet e Concert am Kammermusekssall vun der Philharmonie den 8. Juli 2021. De Paul Fox an de Laurent Peckels waren am Studio.
De Mathieu Clement an den Daniel Migliosi studéieren Jazz zu Köln an der Musekshéichschoul a si ganz aktiv mat neie Bands a Projeten. Déi zwee jonk Talenter waren och am Studio.
Den Geoff Littlefield ass Museksmanager an huet am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Nelson Riddle eng Biographie erausbruecht iwwer de legendären Arrangeur a Komponist, dee fir de Sinatra a seng Zäitgenosse geschafft huet. Den Auteur Geoff Littlefield hate mer um Telefon fir dës Biographie virzestellen.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.