Blue Note
D'Sonn am Jazz
0 min
"Sunny" vum Bobby Hebb ..., dat läit jo scho mol op der Hand! Mee och eng jett aner Komponisten hu sech iwwer d'Jore un der Sonn zu waarme Kläng inspiréiere gelooss, oder dësen helle Stär op eng alternativ Aart a Weis betruecht.
De Pit Dahm a Pol Belardi hunn eng Selektioun vun illusteren Opname gemaach, déi d'Sonn thematiséieren, an dat queesch duerch d'Jazzgeschicht bis haut. "On the Sunny Side of the Street", "Sun Down", "Black Hole Sun", "East of the Sun", "Happy Little Sunbeam" ... an nach vill méi, mat als Ofschloss enger brandneier Single mam Titel "Get Sun" vun Hiatus Kaiyote als Avant-goût op hiren neien Album am CD Jazz.