Blue Note
Bün fräi fir d'Proffen
0 min
Schoulrentrée ... och an de Conservatoiren a Musekshéichschoulen! Vill groussaarteg Jazz-Museker sinn net nëmmen op de Bünen doheem, mee och an de Klassesäll. Dës Emissioun ass voller Musek a Geschichte vun de Proffen, déi de Pit Dahm an de Pol Belardi an hirer Karriär konnte begéinen, an déi net nëmme si mat hirem Knowhow, hirer Technik a Kreativitéit konnte begeeschteren. Mat vun der Partie den Eric Legnini, de Michel Hatzigeorgiou, de Stéphane Gallang, Theo de Jong, David de Marez Oyens, Marcel Serierse, Lukas van Merwijk a Martijn Fink.