Blue Note
Concert de Solidarité an Hierschtgefiller
60 min
De 14.10.21 fënnt zu Ierchternach e Concert mat 5 Bands statt, vun deem den Erléis den Affer vun den Iwwerschwemmungen am Juli zegutt kënnt. Mam Marly Marques, dem George Letellier, Reis-Demuth-Wiltgen, Klein an Pilz-Reis-Dahm-Martiny sti 5 Bands op der Bühn, déi déi verschiddenst Gesiichter vum modernen Jazz beliichten. De Manuel Ribeiro interviewt de Pit Dahm a Pol Belardi heizou. Dono steet d'Thema Hierscht am Viirdergrond: Autumn Leaves, Lullaby of the Leaves, Fall...a nach vill méi Kompositiounen déi iergendwéi mat der wiesselhafter Joreszäit ze din gin duerch d'ganz Jazzgeschicht entdeckt a genoss.