arrow_back_ios
Blue Note
Criss Cross Europe 2021
headphones
0 min
All Joers empfänkt de Kulturzenter OpderSchmelz Diddeleng de Projet Criss Cross Europe. Nieft enger Partie jonke Museker aus Europa ass och e Lëtzebuerger derbäi. Dëst Joer ass dat de Batteur Michel Meis, deen zesumme mat sengen anere Kolleegen ënner der Tutelle vun engem alen Hues vum Jazz wäerten e Projet ausschaffen. De Michel Meis war am Interview.
Den Dizzy Gillespie koum den 21. Oktober 1917 op d'Welt, also haut virun 104 Joer.
Presentéiert vum Jeff Herr.
Musek