Blue Note
Fraen an der Jazzgeschicht
0 min
Lil Hardin, Mary-Lou Williams, Rhoda Scott, Melissa Aldana ... queesch duerch d'Jazz-Geschicht gëtt et vill Fraen, déi de Verlaf vum Genre matbestëmmt hunn. Leider just verhältnisméisseg an der Ënnerzuel, an zu Onrecht manner am Spotlight, beliichten de Pit Dahm an de Pol Belardi Verschiddener vun de Grande Dammen aus der Jazz-Geschicht a jonk Talenter, mam Message, datt Geschlecht näischt mat Kreativitéit an Talent ze dinn huet. Leider haten d'Fraen et awer ëmmer méi schwéier, zu deem selwechten Erfolleg wéi d'Männer ze kommen. Et spiert een awer e Wandel, et gesäit ee méi a méi Fraen op de Weltbünen, an déi gi jonke Meedercher e Virbild, esou datt mer d'Hoffnung net opgi geschwënn eng Paritéit op den Jazzbünen ze hunn.