Blue Note
Den Daniel Migliosi an de Joël Metz am Interview
60 min
Den Artikuss, Centre Culturel zu Zolwer, huet am Lockdown säin Haus enger Rëtsch jonken Artisten zur Verfügung gestallt fir un neie Projeten ze schaffen. Als Resultat koum am September en Album eraus, mam Titel "Tenuto", wou zwou jonk an opstriewend Lëtzebuerger Jazz-Formatioune gefeatured sinn: Qua Qua mam Trompettist Daniel Migliosi, a Lysander, de Quartett ënner der Leedung vum Tenorsaxofonist Joël Metz.
Mir héieren also hei zwou villverspriechend nei Bands, déi beweisen, datt d'Kreativitéit an der neie Lëtzebuerger Jazz-Zeen garantéiert bleift. Déi zwee villsäiteg Museker sinn am Interview beim Pit Dahm a Pol Belardi a stinn deenen zwee Ried an Äntwert.