Blue Note
Den Ack van Rooyen an de Slide Hampton
0 min
Den Ack van Rooyen war ee vun deene bedeitendsten europäeschen Trompettisten. Gebuer zu Den Haag, wat spéider zur Héichbuerg vum hollänneschen Jazz sollt ginn an nach haut fir eng zolidd Traditioun bekannt ass, dozéiert den Ack vun deem Moment un, wou et eng Jazz-Sektioun am Conservatoire gëtt bis an den héijen Alter. Hie spillt mat alle grousse Museker aus der Regioun an iwwer d'Grenzen ewech.
De Slide Hampton ass, wéi säin Numm et errode léisst, Trombonist. Mee och als villsäitege Komponist an Arrangeur mécht hie sech en Numm. Dobäi spillt hie vun den 1950er u mat villen Jazz-Gréissten, wéi Lionel Hampton, Maynard Ferguson, Art Blakey, Thad Jones a Mel Lewis an nach ville méi.
De Pit Dahm a Pol Belardi kucken op d'Liewen an d'Schafe vun dësen zwee wichtege Museker zeréck.