Blue Note
Protestsongs
0 min
Och wann de Mënsch a senger Evolutioun duerch säi soziaalt Ëmfeld an duerch d'Geschicht léiert, esou beweist eis Aktualitéit, datt et nach ëmmer Ongerechtegkeeten a Grond zur Opreegung queesch duerch d'Gesellschaft gëtt. D'Black-Lives-Matter-Beweegung awer virun allem weist, datt den Urproblem, aus deem den Jazz eraus entstanen ass, nach ëmmer net geléist ass: nach ëmmer gëtt no Hautfaarf kategoriséiert an net jiddwereen d'selwecht behandelt. Vill Museker duerch d'Geschicht hunn hir Konscht als Sproochrouer benotzt a mat aussokräftegen Texter oder ausdrocksstaarke Klangkreatiounen hirer Frustratioun Raum ginn.
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren eng Selektioun vun dëse Lidder vu esou illustere Leit wéi dem Louis Armstrong, John Coltrane oder der Nina Simone