Blue Note
Geschwëster am Jazz
60 min
Talent läit net an de Geenen ... oder dach? Exemplaresch Beispiller ginn et der genuch, bei deenen e puer Familljemembere gläichzäiteg eng grouss Karriär am Jazz maachen. Huet et mat natierlecher Begabung oder gudder Erzéiung ze dinn? Warscheinlech eng gesond Mëschung vu béidem. Op alle Fall: wann aus enger eenzeger Famill gläich e puer Leit Karriär op den Jazz-Büne gemaach hunn, esou fanne si och dacks de Wee a gemeinsam Projeten. Op Hank, Thad an Elvin Jones; Robin, Kevin an Duane Eubanks oder och nach d'Zwillinge François a Louis Moutin: et gi queesch duerch d'Jazzgeschicht ëmmer erëm Beispiller vun talentéierte Geschwëster op de Bünen an am Studio.
De Pit Dahm an de Pol Belardi stellen eng Selektioun vu Museker an där Situatioun vir, bis hin du där beschtbekannter Marsalis-Dynastie.