Blue Note
Back to the Roots mam Pit Dahm a Pol Belardi
60 min
De Pit Dahm an de Pol Belardi tauchen déif an hir Vergaangenheet an a ginn zeréck op hir Ufäng beim Jazz. Wisou wollten déi zwee dës Musek léieren? Wéi eng Artisten a wéi eng Lidder haten de gréissten Impakt, an zu wéi enger Zäit? Op de Plang kommen heibäi e puer Schlësselmomenter, déi engersäits d'Feier vun der Passioun ugestach hunn, anerersäits awer och aus anere Grënn an der Erënnerung bliwwe sinn. Eng ganz perséinlech Vue op déi éischt Schrëtt an der groussaarteger Jazzlandschaft, presentéiert vun deenen zwee Jazzfans an engem direkte Face-à-face.