Blue Note
De Riaz Khabirpour am Interview
59 min
Vun Däitschland aus iwwer Amsterdam, e kuerzen Ofstiecher op New York, zeréck an d'Kölner Zeen a schlussendlech op Mannheim: dat sinn déi grouss Etappe vum Riaz Khabirpour sengem Parcours. Wéi hien zur Musek koum, a wisou d'Gittar him et ugedoen huet, wisou hie léiwer elektresch wéi akustesch spillt, an ob hie Fan vum Kurt Rosenwinkel oder vum Bill Frisell ass, dat zielt hien dem Pit Dahm an dem Pol Belardi am Interview. Dëst gëtt begleet mat vill Musek aus eegener Fieder oder vu sengen Influenzen, an et gëtt ee Revival vun der Rubrik Countdown, eng Challenge bei där den Invité sech muss zéng A/B-Froe stellen, ouni laang Bedenkzäit.