Blue Note
Den Arthur Possing am Interview
60 min
Den Arthur Possing schafft bestänneg u senger Karriär als Jazzpianist a léisst sech net vu sengem kreative Pad ofbréngen. Nodeems den Debut-Album "Four Years" (2018, Hypnote Records) mat unanime positive Kriticken opgeholl gouf, sollt et "Natural Flow" (2021, DoubleMoon/Challenge Records) net anescht ergoen.
Deen dynamesche Museker stellt seng nei Plack vir an invitéiert gläichzäiteg d'Auditeuren op e ganz spezielle Concert de 25.2. am Kader vum EchterJazz Festival: den Arthur Possing/Eric Legnini Piano-Duo, de Mentor a säi Schüler zesummen op der Bün. Ee Must fir all Jazz- a Pianosfan zu Lëtzebuerg.
Dee villsäitegen Jazzpianist ass am Interview mam Pit Dahm a Pol Belardi.