Blue Note
Firsts and Lasts
60 min
Tëschent engem Debut-Album an engem leschten Album um Enn vun der Karriär vun engem Jazz-Museker leien dacks Welten. De Fait, datt een en oppene Geescht fir nei Impulser behält a sech ëmmer erëm nei erfënnt, suergt dofir, datt an de meeschte Fäll all Release hir eegen Identitéit huet. An awer zeechne sech Identitéiten a Sounds of, déi een ëmmer erkennt.
De Miles Davis, den John Coltrane, de Max Roach an de Chick Corea stinn am Fokus vun dësem Blue Note. Si zielen zu de wichtegste Stëmmen an der Jazzgeschicht, an awer hu si iwwer hir Karriär verschidde Weeër ageschloen, déi hiert Wierk immens faarweg maachen. De Pit Dahm a Pol Belardi presentéieren ikonesch Stécker vun hiren éischten a leschten Albumen.