Blue Note
De Marimba am Jazz
60 min
De Marimba ass en Instrument, dat wuel wéinst senger Gréisst dacks just als Accessoire oder zousätzlech Klangfaarf vu Museker agesat gëtt, déi am Fong Vibraphon als Haaptinstrument spillen. Dëse Clavier, dee säin Ursprong an Afrika huet, an deen ee kann als eng riseg Versioun vum Xylophon verstoen, huet awer op verschidden ausgewielten Opnamen an der Jazz-Geschicht seng Plaz fonnt.
Ob Dave Samuels, Ruth Underwood oder Stefon Harris: mir kucken op e puer verséiert Perkussionisten, déi dëst éischter raart Instrument awer méi oder manner reegelméisseg benotzen. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.