Blue Note
The Lost Albums
60 min
Blue Note steet fir ee spezifësche Sound aus den 1960er, awer haut och fir eng Mentalitéit, neien Tendenzen ze suivéieren an aus Upcoming-Jazz-Museker Incontournabeler ze maachen. De Label gouf 1939 vum Alfred Lion a Max Margulis gegrënnt, de Francis Wolff huet d'visuell Identitéit als Fotograf assuréiert an de Rudy van Gelder suergt fir d'Sound-Identitéit. Mam Hard-Bop bléit de Label, deen ufanks duerch Krich a Recording Ban uerg Krämpes hat unzekommen, an den 1960er Joren immens op. Nieft memorabele Sessions wéi "Speak No Evil" (Wayne Shorter) oder "Sidewinder" (Lee Morgan) bleiwen aner Opname vun deels deene selwechte Museker awer am Tirang, bis se 1975 op Initiativ vum Michael Cuscuna erëmfonnt ginn.
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren eng Selektioun vun dëse Schätz.