Jiddwereen huet Gebuertsdag op engem ganz bestëmmten Dag am Joer, an zwar, wéi den Numm et seet, deen Dag, wou e gebuer ass. Déi eenzeg, déi do Problemer hunn, sinn all déi Leit, déi um 29. Februar op d'Welt koumen, déi kënne jo am Fong just all véiert Joer hire Gebuertsdag um 29.02. feieren, da wann e Schaltjoer ass.
Mee eent ass kloer, bal iwwerall op der Welt maache mir fir de Gebuertsdag ze feieren dat selwecht. Mir kréien e Gebuertsdagskuch, blose Käerzen um Kuch aus a sangen e Gebuertsdagslidd. Mee firwat maache mir dat, wou kommen déi Traditioune fir de Gebuertsdag hier?