Et ass eng Normalitéit, datt Schüler mam Bus an d'Schoul fueren, entweder mat engem normale Linnebus oder besonnesch zu den Haaptzäite mat de Schülerbussen. Mee dobäi gesäit een awer bei eis keen Ënnerscheed bei de Bussen, déi Schoulkanner transportéieren. An den USA an am Kanada ass dat awer anescht, do gesäit ee kloer, wat e Schoulbus ass, well do se alleguerte giel.
An den USA ginn all Dag ëm déi 26 Milliounen Kanner mat engem vun deene giele Schoulbussen an d'Schoul geféiert. Mee firwat sinn d'Schoulbussen dann do giel? De Jean Claude Majerus huet sech nees mat enger Fro beschäftegt, déi een normalerweis net stellt.