D'Sprooch ass wuel weltwäit dat am meeschte gebrauchte Kommunikatiounsmëttel, do ass ee sech eens. Vill vun eis schwätzen och e puer Sproochen. Hei an der Schoul ass et bal normal, datt mer Däitsch, Franséisch an Englesch léieren an datt mer, deen ee besser wéi deen aneren, déi Sproochen och schwätzt. Mee am Fong gëtt et awer eng Sprooch, déi ee schonn als klenge Wutz kenneléiert, hei kann dat d'Lëtzebuergescht sinn. Bei där Sprooch seet een da gären, dat ass meng Mammesprooch.
Gutt! Mee do stellt sech dann nees eng Fro: Firwat schwätzt ee vun der Mammesprooch, wou kënnt dat hier? De Jean Claude Majerus huet sech dofir intresséiert.