Wann Dir en Theaterstéck kucke gitt, oder e Concert lauschteren, oder wann een eng Ried gehalen huet, wat maacht Dir dann? Dir klappt an d'Hänn, de Publikum belount deen op der Bün mat Applaus. Oder wärend der Pandemie krute mat Recht déi vill Leit aus dem Fleegesecteur ganz vill Applaus.
De Jean Claude Majerus huet sech am Kontext vum Applaus mat enger Fro beschäftegt, déi Dir Iech vläicht och scho gestallt hutt. Wou kënnt dat Applaudéieren iwwerhaapt hier?