Et sinn déi klassesch Amenter an engem Horrorfilm: d'Haule vun engem Wollef oder engem Werwollef. Oder et ass dat klassescht Bild: et gesäit ee vu Wäitem d'Silhouette vun engem Wollef, deen de Kapp no uewe streckt an dann de Vollmound unhault. An da stinn engem, wann de Film wierklech gutt gemaach ass, vun Angscht d'Hoer zu Bierg. Mee ass dat dann och a Wierklechkeet esou, a firwat haulen d'Wëllef de Moud un? Oder ass dat vläicht um Enn guer net esou, an et ass just eng Seechen?
Am Studio ass de Jean Claude Majerus an hien huet sech mam Wollefsgehauls beschäftegt.