Et gi Leit, deene brauch een nëmmen vu Këddelen ze schwätzen, da fänken déi schonn un ze laachen an ze quiiksen. Déi meescht Mënschen hunn eng Plaz un hirem Kierper, wou si këddeleg sinn, zum Beispill ënner den Äerm, um Hals, besonnesch schlëmm kann et och ënner de Féiss sinn, säitlech nieft dem Bauch oder och um Bauch selwer an esou weider. Meeschtens geet et duer, datt een nëmme Liicht mam Fanger derwidder kënnt, a scho fänkt e gellegt Laachen un, oder déi concernéiert lafe fort.
Mee hutt Dir Iech schonn emol selwer gekëddelt? Dat gëtt näischt, oder? Am Studio ass de Jean Claude Majerus, dee sech mat där Fro beschäftegt huet.