D'Wuert "Fixfeier" gëtt an eiser Zäit manner dacks gebraucht. Kloer, firwat brauch een dann och Fixfeier? Wann een eng Käerz, e Feier, en Holzkuelen- oder Gasgrill ufänkt, oder wann déi, déi et nach mussen hunn, eng Zigarett wëllen ufänken, da gëtt et jo de Briquet.
Mee Fixfeier gëtt et awer nach ëmmer ze kafen: déi kleng Holzspéin mat deem roude Kapp drop, déi, wann ee se laanscht eng rau Surface reift, ufänke mat brennen.
Mee hutt Dir Iech schonn d'Fro gestallt, wou Fixspéin iwwerhaapt hierkommen? Dat erkläert Iech hei Jean Claude Majerus.