De Brebo kënnt Kaffi drénken an erzielt iwwer säi Weekend a säin neien Album. De Kevin Risch seet, datt d'Majoritéit vu senge Fans aus Däitschland kéimen. Mat sengen Texter kéinte sech vill vu sengem jonke Publikum identifizéieren. Hie rappt iwwer (toxesch) Léift, Selbstzweiwel, Depressiounen a Panikattacken, gëtt awer och Hoffnung. Um Weekend steet hie meeschtens ganz fréi op, an da kënnt fir hie meeschtens dat nämmlecht op den Dësch: Haferflocke gemëscht mat Proteinpulver a Cornflakes.
Zu Manternach kënne Kanner tëschent aacht an zéng Joer hiren eegenen Drauwejus maachen. Dofir léiere si iwwer déi ganz Saison d'Aarbecht vum Wënzer kennen. D'Laurence Duhr an d'Jutta Kanstein hunn dëse Projet an d'Liewe geruff. Getraff hu mir si zu Manternach am Naturschutzzenter A Wiewesch a sinn duerno zesummen an de Wéngert gefuer.
D'Playlëscht:
Xavier Rudd - Gather Hands
Imogen Heap - Little bird
Claudine Muno - Pink Revolver
Beatles - Across the universe
Brebo - Amira
Sido x Samra - Ich liebe dich
Brebo - Allein
Angel Olsen - Gloria
Bridget St. John - Fly
Calexico - Quattro
Jessica Pratt - Back Baby
Zero Point Five - Free
Eefje de Visser - Ongeveer
Mercedes Sosa - Coracao Vagabundo
Disliked - Salmon
Nina Simone Baltimore
Thievery Corporation - Love has no heart
War on Drugs - Strangest Thing