D'Narmina Pasqualoni seet, et wier e fantastescht Gefill dat eegent Buch am Grapp ze halen. An hirer Geschicht geet et ëm eng Mamm, déi hirer Duechter Bréiwer fir d'Zukunft schreift. Och d'Narmina Pasqualoni ass Mamm vun enger klenger Duechter a stellt sech, genee wéi hir Protagonistin, vill Froen ëm d'Elteresinn an d'Zukunft vun hirem Kand. Trotzdeem, esou d'Schrëftstellerin, wier et eng fiktiv Geschicht, un där vill hin an hier editéiert gouf, bis d'Buch da schlussendlech an den Drock koum. Iwwer dee spannende Prozess erzielt d'Narmina Pasqualoni am Interview.
De Bestand vum Feldhong ass an deene leschte Joerzéngten europawäit dramatesch erofgaangen. Zu Lëtzebuerg ginn et momentan am Raum Fréiseng just nach dräi Noweiser. Wat genee ënnerholl gëtt fir de Bestand nees ze erhéijen, a wéi deen optimale Liewensraum fir d'Feldhong ausgesäit, erkläert d'Doris Bauer vun der Biologescher Statioun SIAS.
Playlëscht:
The Zombies - Time of the season
Hannah Ida feat. Florian Van Kooy - East of Eden
Boy - Drive Darling
Coldplay - Adventure of a Lifetime
Selma - Besame Mucho
Laura Veirs - Sun Song
Tele-Port - Please Disperse
The Beatles - And your bird can sing
Belle and Sebastien - Big John Shaft
Helado Negro - Ya no estoy aqui
Charlotte Bridge - Too young to sleep
Federico Aubele - Su Melodia
The Shins - Sealeags
Famks - Labirinto
Elijah Minnelli - Bébé Durmiendo Cumbia
C'est Karma - Pool Party
Alice Phoebe Lou - Something Holy
Lou Reed - Walk on the wild side
The Disliked - Last Reggae