Radioen

On air

Tockcity  |  Good Neighbours - Starry Eyed

play_arrow Live
arrow_back_ios

SonndesBox

100komma7.lu / SonndesBox

/ Mat Konscht am Bongert

Mat Konscht am Bongert

on the headlines

De Sascha Di Giambattista ass Invité am Studio. Mat him geet rieds iwwer den Augenschmaus Creator's Market, deen de 4. Juni am Schluechthaus zu Hollerech ass. Dat Ganzt am Kader vum European Design Festival. Et ass déi bis ewell 7. Editioun vum Konschtmarché. Mir léieren awer och de fräischaffende Kënschtler selwer kennen, deen eis iwwert seng Ausbildung a seng Aart a Weis ze schaffen erzielt. Den Ament wier de Sascha Di Giambattista virun allem an der Nuecht immens kreativ.


An de Bongert geet et mam Agraringenieur Marc Thiel. Hie schafft beim Naturschutzsyndicat SIAS, dee sech ëm den Erhalt vun de Bongerten an och ëm d'Planze vun neien Héichstammbeem këmmert. Nom Zweete Weltkrich wieren ëmmer méi Bongerten aus eiser Landschaft verschwonnen. Dat huet mat sech bruecht, datt och verschidde Planzen- an Déierenaarten zeréckgaange sinn. "E Bongert ass e richtegen Hotspot vun der Biodiversitéit," seet de Marc Thiel. Fir sech beschtméiglechst op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft virzebereeden, wier et wichteg, eng grouss genetesch Villfalt vun Uebstzorten ze erhalen. "Vläicht ass grad déi eng bestëmmten Zort am Beschten un de Klimawandel ugepasst," esou nach den Agraringenieur.


Playlëscht vum 4. Juni 2023



Die Heiterkeit - Dieses Mädchen

The Isley Brothers - Footsteps in the Dark

Autumn Sweater - Half of March

Quickly, Quickly - Falling Apart without you

El Michels Affair - Protect Ya Neck

Karl Hector and The Malcouns - Kingdom of D'mt

Hannah Ida - J'aime

Vieux Farka Touré & Khruangbin - Tongo Barra

Gisbert zu Knyphausen - Unter dem hellblauen Himmel





The XX - Islands

Kurt Vile - Like Exploding Stones

Rome - One Fire

Fémina - Arriba

Paula Fuga, Jack Johnson & Ben Harper - If Ever

Carole King - Where you lead

Boy & Bear - Silver Moon

C'est Karma - Girls

Jungle - Dominoes

Sam Fender - Wild grey Ocean

Jefferson Airplane - Plastic Fantastic Lover

The Choppy Bumby Peaches - Mystik Balistik


Episoden

SonndesBox

SonndesBox

Gemittlech Kläng a entspaanten Téin: D'SonndesBox ass eng Rees duerch verschidde Joerzéngten, ënnerschiddlech Soundscapes a Genren.
SonndesBox

SonndesBox

Bei entspaante Kläng drénke mir zesumme Kaffi. Eng Rees bei verschidde Musekpärelen, duerch ënnerschiddlech Genren an Jorzéngten.
SonndesBox mat Stäreschnäizen

SonndesBox mat Stäreschnäizen

Éier den Owend den Héichpunkt vun de Perseiden ass, loosse mir de Sonndegmueren gemittlech ugoen. Mat Musek, déi gemittlech duerch de Moie begleet.
Soulful Sunday Morning

Soulful Sunday Morning

Vintage Klassiker treffen op Sounds vun haut. Déi schéinst musikalesch Pärele fir Schlofmutzen, Nuetseilen an déi, déi fréi opstinn.
Lazy Sunday Morning Vibes

Lazy Sunday Morning Vibes

Eng musekalesch Rees um Sonndemueren mat ville verschiddene Musekpärelen. Roueg an douce Kläng fir gemittlech an den Dag ze starten.
Mam Liiblingsinstrument am Feld Musek maachen

Mam Liiblingsinstrument am Feld Musek maachen

Invitéë sinn d'Geschwëster Martina a Kiko Menichetti, déi zanter hirer Kandheet Musek maachen. D'Naturschützerin Doris Bauer hëlt eis mat op d'Feld.
Vun aarteräiche Wisen an talentéierte Fotografen

Vun aarteräiche Wisen an talentéierte Fotografen

D'Landschaftsekologin Claire Wolff hëlt eis mat op eng speziell Wiss an de Sam Flammang erzielt, wisou hie léiwer viru wéi op der Bün steet.
Sech mat engem Buch a schéiner Musek an d'Feld sëtzen

Sech mat engem Buch a schéiner Musek an d'Feld sëtzen

D'Narmina Pasqualoni erzielt iwwer hiert éischt Buch "Schéi komplizéiert". Mat der Naturschützerin Doris Bauer gi mir op d'Sich nom Feldhong.
Mat Konscht an der Natur

Mat Konscht an der Natur

De Jacques Schmitz ass Kënschtler an huet a sengen Uelegmolereien vill ze soen. Vun der Escher Gare féiert de Sonndesspadséiergang op de Galgebierg.
Déck schwaarz Kuebe mat rouden Nuesen

Déck schwaarz Kuebe mat rouden Nuesen

D'Laurence Duhr ass Clown-Pädagogin an zaubert Kanner, eelere Leit a Persoune mat Behënnerung e Laachen op d'Gesiicht. Am Spadséiergang begéine mir schwaarze Kueben.
Mat Konscht am Bongert

Mat Konscht am Bongert

De fräischaffende Kënschtler Sascha Di Giambattista ass op Besuch. Mat eraus an de Bongert hëlt eis den Agraringenieur Marc Thiel vum SIAS.
Mat der SonndesBox op enger Insel am Pazifik

Mat der SonndesBox op enger Insel am Pazifik

Mat der Fotografin Lynn Theisen maache mir eng Téizeremonie an d'Simone Wohl weist eis am Sonndesspadséiergang hir "Coups de Coeur" vun der Stad Esch.
Sech mat engem Kannerbuch an de Bongert setzen

Sech mat engem Kannerbuch an de Bongert setzen

D'Educatiounswëssenschaftlerin Dr. Simone Mortini ass de Kapp hanner deem éischte Bookathon zu Lëtzebuerg. Mam Marc Thiel vum SIAS gi mir an de Bongert.
SonndesBox mat Make Up Artisten an Heckefräschen

SonndesBox mat Make Up Artisten an Heckefräschen

De Luca De Michele ass Make Up Artist an erzielt iwwer säi villsäitege Beruff. Den Heckefräsch léiere mir um Sonndesspadséiergang kennen.
headphones

31 min

play_arrow

SonndesBox

headphones

34 min

play_arrow
Mat Humor duerch dat klengt Dierfche Koler

Mat Humor duerch dat klengt Dierfche Koler

Mat der Stand up Comedian Sarah Diederich schwätze mir iwwer d'Comedy-Zeen an Däitschland a spadséiere mam Moler vu Koler Alain Welter duerch Koler.
SonndesBox: Mat Sneaker am Fiichtgebitt

SonndesBox: Mat Sneaker am Fiichtgebitt

Gemittlech Musek an e Sonndesspadséiergang am Fiichtgebitt, begleet vum Naturschützer Max Steinmetz.
Drauwejus an däitsche Rap um Moiesdësch

Drauwejus an däitsche Rap um Moiesdësch

De Brebo kënnt Kaffi drénken an erzielt iwwer säi Weekend a säin neien Album. Zu Manternach kënne Kanner hiren eegenen Drauwejus maachen.
Mat Jazz duerch d'Industriezon

Mat Jazz duerch d'Industriezon

Den Jazz-Trompettist Daniel Migliosi erzielt iwwer säi Weekend a seng Projeten. Am Sonndesspadséiergang gi mir duerch d'Industriezon um Wandhaff.
SonndesBox

SonndesBox

E gemittleche Kaffi bei beschter Musek, interessante Personnagen an engem Sonndesspadséiergsang an der Natur.
headphones

1 min

play_arrow